Kannerzirkusstage Marshmallow

STARTING DATE14/08/2017

TIME 10:00 am

LOCATION26 Avenue Pasteur, L-2310 Luxembourg, Luxembourg ,

are you going to attend Kannerzirkusstage Marshmallow ? No one is attending yet. Yes, I am
Send to friend  

Event Description

Zirkusstage ‘Marshmallow’ fir Kanner vum Cycle 2.1-4.2
vu Méinden, de 14. bis Freiden, den 18. August, vun 10 bis 16 Auer mam Martina
Maximal Unzuel vu Participanten: 12 Kanner
Plaz : Zirkusschapp, 26, Avenue Pasteur, L-2310 Luxembourg (Lampertsbierg)
Philosophie vum Stage : D’Iddi ass fir un diversen Zirkustechniken ze schaffen. Dëst geschitt an enger flotter Ambiance an op eng spilleresch Aart a Weis.

Programme vum Zirkusstage ‘Marshmallow’ 14.–18.8.2017 :

Jongléieren : Diabolo, Bäll, Reefer, Devilstick, Foulard, Chinesesch Telleren…
Gläichgewiicht : Kabel, Rola–bola, Bull, Faass, Einrad…
Akrobatik : Kopplabunz, Rad, Pyramiden,
Luftakrobatik : Trapez, Tissu
Präis : 240 Euro ttc.

Nei as, Aschreiwunge w.e.g. per Internetsite www.zaltimbanq.lu ! Eréischt mat der Iwwerweisung vum Montant op den CCPL vun Zaltimbanq’ Zirkus asbl., CCPLULL IBAN LU40 1111 0511 3617 0000 mat der Referenz ‘Zirkusstage Marshmallow 2017’ an dem Numm vum Participant ass d’Plaz garantéiert.

Zaltimbanq’ Zirkus reservéiert sech d’Recht Plazen wou bannen 5 Deeg no der Inscriptioun net bezuelt goufen erëm zeréck an d’Vente ze ginn.

Oflaf : Fir en agreable Stage ze verbréngen rode mir Iech, dot Sportsgezei an Turnschlappen un a bréngt e Gedrénks mat an e Pique-nique fir d’Mëttesstonn.
Informatiounen iwwert de Stage um Telefon +358 621 479 904 oder via office@zaltimbanq.lu

Event Categories:

Related Events