Comité des spectateurs / Rumpelstilzchen

STARTING DATE23/11/2017

TIME 6:00 pm

LOCATIONThéâtres de la Ville de Luxembourg 1, rond-point Schuman, Luxembourg

are you going to attend Comité des spectateurs / Rumpelstilzchen ? No one is attending yet. Yes, I am
Send to friend  

Event Description

Léif Frënn vun den Theatere vun der Stad Lëtzebuerg,

Am Kader vun der Kreatioun vum Rumpelstilzchen, invitéiert Iech d’artistesch Equipe un engem Comité des spectateurs Deel ze huelen.
Et ginn 3 Rendez-vous‘e proposéiert wou Dir déi verschidden Etappe vun enger Theaterproduktioun besser kënnt kenneléieren. Dëst gëtt Iech och d’Méiglechkeet fir an den direkte Kontakt mat den Artisten ze kommen, hinne Froen ze stellen a mat hinnen ze diskutéieren.

Den 1. Rendez-vous ass de Mëttwoch 11. Oktober um 18:00 am Grand Théâtre. D’Metteure en scène Myriam Muller an den Auteur Ian De Toffoli stellen de Projet zesumme mat e puer anere Memberen aus hirer Equipe vir.

De Donneschden 23. November um 18:00 kënnt Dir dann e Bléck an e Proufsall vum Grand Théâtre werfen an der Equipe beim Schaffen nokucken.

No der Virstellung vum 16. Dezember invitéiert Iech d’Equipe dann zesumme mam ganze Public op en Nogespréich.

Falls Dir interesséiert sidd bei dësem Comité matzemaachen, da mellt Iech beim Manon Meier (mameier@vdl.lu) un.

Zéckt net Iech fir all weider Fro un eis ze wenden.

Mat de beschte Gréiss
Är Equipe vun den Theatere vun der Stadt Lëtzebuerg

Event Categories:

Related Events